Freitag, 8. Februar 2019

Mëttelwandpress vum Capellener Verein

Den 2. Februar huet de KV Capellen op d'Aweiung vun der Mëttelwandwalzmaschine agelueden. Den neien Chamberspräsident a fréieren Landwirtschaftsminister Fernand Etgen huet gudd opgepasst wéi d'Maschine agestallt gett ier et lass gung.


Jidereen war beandrockt wéi schnell a präzis déi nei Maschine leeft.
Et ass elo op enger Platz méiglech di klassesch 5,5mm an di liicht méi kleng 5,1mm Zellen ze walzen. De Virdeel vun de klengen Zellen ass wahrscheinlech dat d'Varroa an aaner Krankheeten manner Platz hun fir sech an der Zell niewt der Larve ze entwecklen. Et passt awer net bei all Vollek. Jidereen kann elo seng Erfahrungen mat den 2 Moossen sammelen! Wichteg ass op alle Fall dat maximal vill propperen Wues emgeschafft gett.