Montag, 1. Juli 2024

Foire Agricole Ettelbréck Fr 5.- So 7. Juli zu Ettelbréck Deichwiss

Landwirtschaftlichgemeinschaft "Lëtzebuerger Hunneg" huet ee Stand zesumme mat der FUAL an der Deichhaal an der Zone A6 "Sou schmaacht Lëtzebuerg".

Mir weisen ee Schaukasten wou een d'Beienvollek mat senger Kinnigin live beobachte kann an och ee klengt Beievollek wou nei Kinniginnen erugezillt gin.

Mir erklären d'Erausfuerderungen vum Imker an d'Leeschtung vun eise Beien. 

Eis Produkter mat kontrolléiertem Lëtzebuerger Hunneg sinn:

  • Hunneg vun der "Marque Nationale Lëtzebuerger Hunneg" Fréijoer-, Summer a Bio.
    De Klassiker am 500g Glas fannt dir an de Supermarchéen (CACTUS, Pallcenter, Massen, ...) an direkt bei eisen Imker.
  • Fir de Cactus liwwere mer de "Frësch geschleiderten Hunneg".
  • Fir 'La Provençale' liwwere mir den Letz'Hunneg vun 280g bis 7kg a ganz nei den leefegen Hunneg am 700g Squeeze.
  • Als Zutat bei ORTEA mat dem Biohunneg fir an den ÄisTéi.
Dir kënnt och frëschen Hunneg direkt aus der Wab schmaachen.

Mir fréen eis op Iech an Äer Froën.



Samstag, 29. Juni 2024

Entrevue mat der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen

Den 10. Juni hate mir eng ganz gudd Entrevue um Landwirtschaftsministär. (Photo: Ministère de l'Agriculture)

Mir konnten erklären wéi mir bis elo funktionnéiren mat der Vermaartung vun Hunneg a mat der Gestion vum Label "Marque Nationale Lëtzebuerger Hunneg".

Anschliessend gouf festgehaal wéi eng Schrëtt nach néideg sin fir eisen Hunneg als regionaalt natierlecht Qualitéitsprodukt als AOP unerkannt ze kréien.

Duerch een EU Reglement vum Mai 2024 sin nach Upassungen bei den Dokumenter néideg gin, mee anererseits si mer dann um neitste Stand vun den AOPen an der EU.  Mir kréien eng Ënnerstetzung vum Ministär als "Groupement de producteur" fir déi komplizéiert mise à jour vun der AOP dëst Joër ofzeschléissen. 

Mittwoch, 17. April 2024

10 Joër "Lëtzebuerger Hunneg" (association agricole)

De Präsident Jeannot Glodé konnt op der Generalversammlung mat engem gewëssen Stolz zeréckblécken wat d'Equipe vum der "Hunneggenossenschaft" an deene Joren alles op d'Bee krut.

  • gemeinschaftlech Liwwerung a grouss Buttiker
  • ee korrekte Preis den integral un den Imker geet
  • Gestioun vun de Liwwerunge fir dat et keng Rupture méi gëtt
  • Organisatioun vun der Kontroll fir d'Marque Nationale Lëtzebuerger Hunneg weiderzefueren
  • Marketing an Ufroen vu Subsiden

Sprech de ganze Comité huet ouni vill Gedeisch eng extrem efficace Arbecht fir d'Imker zu Lëtzebuerg gemach. Mir sin frouh dat mer dobäi ëmmer op d'Ennerstezung vum Landwirtschafts Ministär konnten zielen.

 


Freitag, 15. März 2024

AG und Anmeldeformulare für 2024

 Die neuen Formulare werden heute in der AG am 15.3. vorgestellt und sind in der Rubrik Dokumente zu finden. Für die verschiedenen Serienmails mit Infos &Umfragen wurde eine neue Adresse: mail@hunneg.info eingerichtet. So kann die Verwaltung der über 100 !  Mitglieder besser organisiert werden. 

Bestehende Mitglieder brauchen kein Formular auszufüllen sie werden über Serienmail angeschrieben um nur die geänderten Daten für 2024 auszufüllen.

Stichdatum: 1.April (Neuanmeldung oder Korrekturen bis 15. April)