Montag, 1. Juli 2024

Foire Agricole Ettelbréck Fr 5.- So 7. Juli zu Ettelbréck Deichwiss

Landwirtschaftlichgemeinschaft "Lëtzebuerger Hunneg" huet ee Stand zesumme mat der FUAL an der Deichhaal an der Zone A6 "Sou schmaacht Lëtzebuerg".

Mir weisen ee Schaukasten wou een d'Beienvollek mat senger Kinnigin live beobachte kann an och ee klengt Beievollek wou nei Kinniginnen erugezillt gin.

Mir erklären d'Erausfuerderungen vum Imker an d'Leeschtung vun eise Beien. 

Eis Produkter mat kontrolléiertem Lëtzebuerger Hunneg sinn:

  • Hunneg vun der "Marque Nationale Lëtzebuerger Hunneg" Fréijoer-, Summer a Bio.
    De Klassiker am 500g Glas fannt dir an de Supermarchéen (CACTUS, Pallcenter, Massen, ...) an direkt bei eisen Imker.
  • Fir de Cactus liwwere mer de "Frësch geschleiderten Hunneg".
  • Fir 'La Provençale' liwwere mir den Letz'Hunneg vun 280g bis 7kg a ganz nei den leefegen Hunneg am 700g Squeeze.
  • Als Zutat bei ORTEA mat dem Biohunneg fir an den ÄisTéi.
Dir kënnt och frëschen Hunneg direkt aus der Wab schmaachen.

Mir fréen eis op Iech an Äer Froën.