Samstag, 29. Juni 2024

Entrevue mat der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen

Den 10. Juni hate mir eng ganz gudd Entrevue um Landwirtschaftsministär. (Photo: Ministère de l'Agriculture)

Mir konnten erklären wéi mir bis elo funktionnéiren mat der Vermaartung vun Hunneg a mat der Gestion vum Label "Marque Nationale Lëtzebuerger Hunneg".

Anschliessend gouf festgehaal wéi eng Schrëtt nach néideg sin fir eisen Hunneg als regionaalt natierlecht Qualitéitsprodukt als AOP unerkannt ze kréien.

Duerch een EU Reglement vum Mai 2024 sin nach Upassungen bei den Dokumenter néideg gin, mee anererseits si mer dann um neitste Stand vun den AOPen an der EU.  Mir kréien eng Ënnerstetzung vum Ministär als "Groupement de producteur" fir déi komplizéiert mise à jour vun der AOP dëst Joër ofzeschléissen.